Grënnung van der Amicale du CIS Troisvierges

Den 15. Mäerz 2019 haat wuel déi lätzt Generalversammlung van den Ëlwenter Pomjeeën ënnert där aler Form stattfonnt. Nodeems den Zenterchef Kevin Thix d'Aktivitéite vam letzte Joer resuméiert hat, guff offiziell d'Amicale vam Centre d'Incendie et de Secours (CIS) Troisvierges an d'Liäwe gerouf. Dese Veräin wärt sech hauptsächlech em de soziale Volet vam Zenter bekëmmeren, wie z.B. d'Organiséieren vam Burrigbrennen, Nationalfeierdaag asw.

D'Poste guffen sou opgedeelt : President : Louis Hoffmann Vizepresident : Kevin Enders Sekretär : Fränk Colette Caissier : Andy Herman Memberen : Kevin Thix, Piotr Zak, Christian Kettels, Sandy Schmit an Miranda Schrantz. Zum Schluss van der Versammlung hat den Alain Weisgerber (Chef de zone Nord) na iwwer Neiigkeeten am CGDIS informéiert an den Buergermeester Edy Mertens hat dem Veräin seng Felicitatiounen a best Wënsch fir d'Zukunft ausgedrëckt.