„Kierch am Duerf-Gemeng Useldeng A.S.B.L“

Eis asbl „Kierch am Duerf-Gemeng Useldeng“ gouf Méindes, den 19. September 2016 zu Useldeng gegrënnt. Si huet hire Sëtz am Härenhaus, 1, rue de l’église, L-8706 Useldeng. D’Initiatore vum Veräin sinn d’Membere vun den aktuelle Kiercheréit Useldeng/Rippweiler an Iewerleng/Schandel an d’Memberen vum abléckleche Parrot. Member ginn kann all Matbierger aus eiser Gemeng an doriwwer eraus, dem d‘Instanz „Kierch am Duerf“an eiser Gemeng och nach weiderhinn eppes wäert bläiwt. Mam Parfest starte mir, no e puer klengen interne Momenter, an der Grënnungsversammlung, eis éischt ëffentlech Aktioun vun eisem Programm.

Firwat dës asbl? Als Chrëschten ass eist éischt Uleies d´Communautéit. No de bekannte Verhandlungen tëschent Kierch a Staat an de Virlagen vum Gesetz 7037 ass et wichtig, äis nei ze strukturéieren ronderëm de Begrëff „Kierch am Duerf“ a sengem wäiteste Sënn. Dëst mache mir an eiser Gemeng mam éierleche Wëllen, den eigentlechen Optrag vun eiser Kathoulescher Relioun an eiser heiteger Gesellschaft weider ze erfëllen.

„D’Kierch am Duerf“ als wertvollt Gebäi mat wertvollem Inventar, esouwéi och d’Oppenheet vun dëser spiritueller Mëtt fir gemeinschaftlech awer och perséinlech Momenter vu Gebied, Rouh, Nodenken, Austausch, sech am Liewen nei orientéieren, wéi och zesumme feieren, traueren, sangen, lauschteren, hëllefen, opfänken, Geschicht, Relioun a Sakralkultur erfassen an opwerten, sinn äis Orientéierung beim Programm vun dëser neier asbl.

Mëttwochs, de 16. November, um 20.00 Auer ass eis éischt ëffentlech Informatiounsversammlung an der Buvette vun der Sportshal, rue de Schandel zu Useldeng. Mir stellen äis eise Matbierger vir an hoffen, do éischt wichtig Informatioune kënnen ze ginn, wéi déi nei grouss EENHEETSPAR am Kanton Réiden fonktionnéiere soll.

Mir präsentéieren eise Programm an éischt Virschléi fir Aktivitéiten am kommende Kierchejoer.

Mir wiere frou, do mat Iech an d’Gespréich ze kommen, a vläicht esou Äer Mataarbecht oder Äer Ennerstëtzung als Veräinsmember (Kotisatioun 10€) ze gewannen. All Talenter gi gebraucht.

Eis Mandater am Conseil d’Administration si folgendermoossen opgedeelt:

Präsident: Anzia-Ney Lou, Useldeng /Vizepräsidenten: Even Fernand,Iewerleng; Linster-Rasqué Anny, Useldeng: Barthelemy-Sietzen Léa, Schandel; Fisch Nic, Rippweiler/ Sekretär: Metz Claude, Rippweiler/Keessier: Frank-Schroeder Jeanny, Iewerleng.

Dir huet och elo schons d’Méiglechkeet , esouwuel eise Veräin als Member (minimum 10€) oder mat engem DON ze ënnerstëtzen. Eis Kontosnummer: LU14 0099 7800 0053 7126