Seenung vun der Fatima-Statue an der Useldenger Kierch

E Sonndeg, den 21. Mee gouf d'Fatima Statue, déi vun enger portugiesecher Famill, der " a.s.b.l. Kierch am Duerf - Gemeng Useldeng" , geschenkt gouf, vum Här Paschtouer Mathieu Janssen während der Houmass geseent. Mam Lidd "Je vous salue Marie" gouf d'Statue begréisst an no der Seenung gouf "d'Ave-Maria Lidd vu Fatima" vun der ganzer Gemeinschaft gesongen. Dës Fatima-Statue kritt hier Éiereplaatz an der Useldenger Kierch wou déi portugiesesch Gemeinschaft hier Madonna kënne veréieren.