Mir wënschen dat Allerbescht.
Eis léif Mam Suzanne Engelmann-Krier krut 90 Joer, dësen 2. Abrëll. Och
de Veiner Buergermeeschter Claude Tonino an den éischte Schäffen Jengel
Klasen koumen gratuléieren.
Gebuer ass si den 02.04.1931 zu Reckeng/Mess, als eelste Meedchen vu 6
Kanner. Hire Papp Jean-Baptiste Krier huet misse schwéier an der
Déifferdenger Schmelz op der HADIR schaffen.
D‘Suzanne Krier huet sich den 31.08.1951 mam Engelmanns Jengi,
Schréinermeester vua Veinen, bestuet. Sie waren no bäi 60 Joer bestuet wéi
den Tambower vu Veinen, den 26.02.2010 eis verlooss huet.
Déi fréier Villa Schadeberg, déi se 1972 zu Veinen kaaft hunn, hu se ëm- a
bäigebaut an en Hotelsbetrib installéiert. Sie haten den Hotel Engelmann
(Petit Palais) laang Joren geféiert, deen an der Tourismusbléizäit hei zu
Lëtzebuerg an der Saison ëmmer voll beluecht war. Der Suzanne
Engelmann-Krier hir Leidenschaft ass Molen an Zeechnen.
Zwee Kanner sinn aus dem Bestietnes erfiirgaang: de Josy Engelmann an
d’Irène Pissinger-Engelmann. D’Gebuertsdagskand huet 6 Enkelkanner an
9 Urenkel.