E Plädoyer fir d’Erhale vuam Veiner Dialekt
to see more pictures.
Diktat op Veiner am Kader vuan de Veiner Pabeier-a Béicherdeeg,
udder
e Plädoyer fir d’Erhale vuam Veiner Dialekt
Nein (9) Leit haten de Courage fir sech de 6. September uam Diktat am Veiner Dialekt ze bedäligen, däels fréiwëllig, däels fréiwëllig forciert.
Symbolträchtig war de Fakt, datt d’Diktat am Sall Vic Abens vuam Veiner Schlooss stattfont hott. Di eeler Generatiunn wäss, datt de Vic Abens, Grënnungsprësident vuan de Veiner Schloossfrënn, laangjäehrige Veiner Buergermäster a lëtzebuerger Deputierten, sein Hämichtsprooch béi all Gëleeënhät hi gehalen hott. Ni wier et him an d’Bëls komm fir sech op ‘Stater’ ouszedrécken, och wann d’ Leit net ëmmer alles verstan honn, wat e verzielt hott, siäf et an der Chamber, siäf et op Walversammlungen udder am Kader vuan den UGDA Veranstaltungen. Hän hott su geschwat, ‘wi de Schniäwel him gewooss war’. Wi sot en Isléker Bauer, no äner Walried a seiner Gemän: “Dir hutt gutt geschwatt, Här Abens. Dir hutt och lang geschwatt. Wa mer lo nach wéissten, watt Der geschwatt hutt.”
Thema vuam Diktat om Schlooss war d’Geschicht vuam Veiner Grof Si(e)gfried an dem Grof Hans vua Falkestän, déi verdaamt waren, fir bis zum jingste Geriicht am Schloosskeeler ze wüerfelen.
Den Auteur vuam Gedicht ‘Die zwei verwünschten Spieler’ ass de Charles Théodore André, lëtzebuerger Deputierte vuan 1848-1854 a vuan 1860-1875 an dän ischten, dän en Ried op lëtzebuergisch an der Chamber gehalen hott. D'Veiner Gemän hott virua 15 Jor d’Strooss laanst de Kulturzentrum Larei no him benannt.
Nom Motto ‘Dialekte sënn e Garant vuan Identitéit an Zesomenhalt, Ousdrock vuam lëtzebuerger, enorme kulturelle Réichtum’ ,wäerd esu en Diktat am Veiner Dialekt och an Zukunft Däl vuan de Veiner Pabeier-a Béicherdeeg sënn.
Gaby Heger
(Copyright vuan de Fotoen: Liz Hacken/Naturpark Our)