Veianen Bis den 1. Juni 2025 kann een nach d'Ausstellung vum Isabelle Lutz a Gérard Claude an der Veiner Konstgalerie besichen.
Obwuel d'Kënschtler onofhängeg vuneneen un geschafft hunn, harmonéieren d'Gravuren vum Isabelle Lutz an d'Holzskulpturen vum Gérard Claude durch eng verwandte Formsprooch.
D'Isabelle Lutz, säit 1978 fräischaffend Kënchtlerin, ass Member vun der Empreinte. Sie schafft fir gewéinlech direkt op der Kofferplak. "Isabelle Lutz réalise des gravures à son image et nous les offre dans un esprit d’énergies positives et de joie, exprimant une interrelation de l’univers et de soi…un instant suspendu de poésie" (Françoise Bande)
De Gérard Claude, säit 1977 kënschtleresch aktiv, huet säin Atelier zu Roth-un-der-Our (Däitschland). Hien ass Skulpteur, mecht awer och Installatiounen an ass Fotograf. "Grâce au processus de la taille directe dans le tronc d’arbre, Gérard Claude développe un vocabulaire plastique organique. Il expérimente, tente, révèle et accède au cœur même du bois pour en faire surgir les forces latentes." (Mireille Petitgenet)
Wien de Vernissage verpasst huet, huet den 1. Juni, um Finissage, nach d'Méiglechkeet, d'Kënschtler kennenzeléieren.
D'Ausstellung ass op vu Mëttwochs bis Sonndes vu 14 bis 18 Auer.