Ofschlossfeier vum Lëtzebuerger Cours mat Zertifikat-Iwerreechung
to see more pictures.
“Den ischte Schrak fir e ‘vivre ensemble’ ass gemaach”, sou de Buergermeeschter Francy Weyrich bäi der Iwwerreechung vun den Zertifikaten un 12 Schüler aus Portugal, Frankräich, Rumänien, Russland, Wäissrussland, Montenegro an Algerien, déi de Lëtzebuerger Ufängercours a 50 Owesstonnen ofgeschloss hunn.
Bäim gemeinsame Patt an Owesiessen, ass d’Iddi vun der Enseignante Gaby Heger positiv opgeholl ginn, fir ab dem Hierscht 2025, aplaz vun engem Frontalcours, eng Babbel-Stuff, respektiv e ‘Café des langues’ an Zesummenaarbecht mat der Gemengekommissioun Veinen 'du Vivre ensemble Interculturelop d’Been ze setzen ënnert dem Motto: ‘Mir wunnen an därselwechter Uertschaft an trotzdeem hu mir seelen d’Gëleeënheet fir eis ze gesinn. Mir wëllen eis an engem ongezwongene Kader treffen a mateneen op Lëtzebuergesch diskutéieren,fir dat ze verstäerken, wat d’Essenz vum ‘vivre ensemble’ ausmécht.’
Gaby Heger