War ee samsdes, den 30. Juni 2025 an der mëttelalterlecher Ourstaat ënnerwee, huet ee just missten der Nues oder dem Kannerlaachen nogoe fir de Wee an de Schoulhaff ze fannen. Séiss Wafelen, häerzhaft Gegrills oder en äiskale Patt, mat eidelem Bauch ass e sécherlech net heem gaang. D’Veiner Schull hat op hiert Schoulfest invitéiert.
E sëllege Veräiner hunn de Kanner flott a kreativ Ateliere ugebueden. Vun selwer gemaachter Seef, iwwer Musiksinstrumenter teste bis hin zum Schaffen am Schifer, et war fir all Goût eppes dobäi. Eng vilfälteg Bicherausstellung an de Raimlechkeete vum Schoulgebai huet souguer eise groussen a klenge Liesraten d’Méiglechkeet ginn hir privat Bibliothéik ze erweideren.
D’Haaptattraktioune waren den Jonn Happi mat senger Show fir d’Laachmuskelen an de 6-fache Weltmeeschter am Flatland - Bmx - Viki Gomez - mat sénge spektakulären BMX-Konschtstécker.
Ofgeronnt gouf d’Schoulfest 2025 mat enger Scheckiwwerreechung un „Special Olympics Luxembourg“. Hei haten d’Schüler zesumme mat eiser schoulinterner ESEB-Equipe aus der Regionaldirektioun Dikrich am Laf vum Schouljoer 1200 Euro gesammelt, dëst mat klenge Kuch a Wafelaktiounen, Popcornverkaaf selwer gemaachte Milkshaken oder Glacen.
E grousse Merci un all déi, déi matgemat hunn – eng flott Initiativ mat der mir zesumme weise konnten, datt och kleng Gesten e groussen Ënnerscheed maache kënnen.
(Text: Philippe Herman / Photoen: Jengel Klasen)