E neie Look fir de Clublokal vum "Club 2000 Viichten- Mëchelbuch"

De Veräin " Club 2000 Viichten- Mëchelbuch" ass 1979 vum Albert Leider an d'Liewe geruff gin. An all deene Joeren konnten sech di Jugendlech bis zu denen méi Eeleren aus der Gemeng Vichten a verschidden Clublokalen wuelfillen. Zënter dem Joer 2005 hun sie vun der Gemeng Viichten een drëtte Clublokal zur Verfügung gestallt kritt huet, deen elo a viller Arbecht néi renovéiert gouf an sech an engem neie a moderne Look präsentéiert.
Feierlech ass di Aweihungsfeier dese Samsdeg iwert d'Bühn gaangen. Bei deser Feierstonn huet den Präsident Alex Pianaro di richtig Wierder fond fir alle Clubmemberen an och der Gemeng mam Service technique MERCI ze soen.
Méi heivunner gëtt et an den nächsten Deeg am L. Wort ze liesen.
( FOTO: CHAREL REISER)

More news by Club 2000 Viichten/Mëchelbouch >