Generalversammlung vun Dësch-Tennis-Club Viichten-Méchelbuch

Den 8. Mee 2014 hat den DT Viichten-Méchelbuch op seng 23. uerdentlech Generalversammlung invitéiert fir d’Saison 2013-2014 Revue passéieren ze loossen a schons e klengen Ausbléck op déi Nächst ze woen.
De Luc Recken huet an senger Fonctioun als President vum Club alleguerten d’Leit begréisst déi sech an der Buvette vun der Sportshal afonnt haten. Als Gemengenvertrieder war de Roger Leemput präsent. Fir d’éischt huet de President dem Trainer a Comitésmember Damiano Montanaro Merci gesot an op säin net ëmmer einfache Stand mat de Kanner higewisen.
Duerno ass den Tätegkeetsbericht presentéiert gin andeems déi verschidden Aktivitéiten vum Club obgezielt goufen: d’Spillerversammlung am September, de Start an déi nei Saison, dräi Comitésversammlungen, den traditionellen Danznomëtteg (8.12.2013) dee gudd besicht war an d’Bedeelegung um Schoulsportsdag.
Den Héichpunkt vun der Saison war ouni Zweifel den Interclub (16.04.2014), beim deem den Champion vum Club sollt ermëttelt gin. 17 vun 18 Spiller waren mat vun der Partie! Jiddereen huet géint jiddereen missen untrieden an zum Schluss hat de Charel Klemmer déi meeschten Punkten gemeet. Hie war domat den neie Clubchampion an krut déi grouss Coupe iwwerreecht.
Déi aktiv Spillerinnen an Spiller goufen fir d’Réckronn vun der Saison mat neien Trikoten agekleet.
Et sin Déplianten am Duerf verdeelt gi fir méi Kanner an den Club ze kréien. Dorops hin hun sech effektiv dräi Kanner fir den Training nei ugemellt.
Den traditionellen Theater vum Club war jo dëst Joër leider an d’Waasser gefall. Méi wéi sécher gëtt awer d’nächst Joër ërem ee flott Stéck opgeféiert.

Um Niveau vun den Compétitiounen war gewuer ze gin, datt véier Seniors-Equipen am Championnat gespillt hun. Déi éischt Equipe war an der véierter Divisoun an déi dräi aner jeweils an der fënnefter Divisioun. Si hun alle véier hir Klass gepackt an wärten d’nächst Joër nees an deenen selwechten Divisiounen weiderspillen.
Weiderhin waren nach eng Minimes-, eng Cadets- an zwou Jeunes-Equipen ugemellt. Et goufen och verschidden Coupe-Mätcher gespillt esou wéi och um Kids-an Teens-Cup participéiert.
Den Keessenbericht huet ervirbruecht, datt de Club an enger stabiler finanzieller Lag ass. Déi béid Keessenrevisoren, de Françoisn Noben a Jos Oesch, hun déi excellent a feelerfräi Buchféierung vun der Caissière bestätegt .

Sportlechen Réckbléck an Ausbléck
Den Trainer Montanaro Damiano huet a séngem sportleche Réckbléck op déi ganz gudd sportlesch Leeschtunge vun de Viichtener Dëschtennisspiller opmierksam gemaacht an op déi aussergewéinlech gudd Ambiance am Club higewisen («Si war nach ni esou gudd wéi elo !»). Och déi eeler Semestere sin regelméisseg an den Training komm. Hien huet an Aussiicht gestallt, datt déi nächst Saison eventuell op eng Minimes Equipe verzicht gëtt.
Aus dem Comité austriedend an erëm wielbar waren de Luc Recken an d’Lotty Bissen.
D’Andrée François ass ausgetrueden an de Luc Recken an d’Lotty Bissen sin ëremgewielt gin. Nei an den Comité ass de Steve Schmol vu Méchelbuch gewielt gin, sou datt sech de Comité vum DT Viichten- Méchelbuch sech elo aus de folgende siwe Leit zesummesetzt: Luc Recken (President), Lotty Bissen (Vize-Presidentin), Astrid Pavoncelli (Trésorier), Montanaro Damiano (Responsable Jeunes), Philippe Theissen, Laurent Gloden a Steve Schmol.
Duerno ass bei engem Patt a bei selwergemaachte Bréidercher den Owend gemittlech auslafe gelooss gin.
www.dtvichten.info