Virowend- an Sechswochenmass um 12.8.2023 zu Wuelëssen.

D'Mass gouf wonnerbar musikalesch verschéinert durch d'Chorale mixte Ste Cécile.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Cornelius, deem säi Fest de 16. September gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Antonius.

D'Kierch steet am Süde vun der Uertschaft op der Kräizung vum Burebierg (CR322B) an der Strooss Am Duerf (CR322A).