Generalversammlung vun der Amicale Natzweiler-Struthof

Amicale Natzweiler-Struthof Gedenken a Jugendaarbecht

Viru Kurzem hat d’Amicale Natzweiler a.s.b.l. op hier Generalversammlung an de Parc Hôtel Alvisse zu Dummeldeng agelueden. De President konnt och dëst Joer nees eng ganz Partie vun de Membere begréissen déi sech afonnt hate fir nom Mëttegiessen op den Ordre du Jour iwwerzegoen, deen aus dem Aktivitéits- a Keeserapport vun der Amicale besteet. Tresorière huet hir Demissioun agereecht a krut Merci gesot fir di geleeschten Aarbecht an der Vergaangenheet a muss remplacéiert ginn. Et goufen Themen ugeschnidde wat d’Zukunft vun der Amicale betrëfft. Enner anerem ass den 12. an den 13. September d'Bedeelegung un enger internationaler Gedenkfeier zu Natzweiler virgesinn. D’Amiicale mecht dee Weekend hir alljärlech Gedenkrees an dat fréiert KZ, interesséiert Leit sinn häerzlechst invitéiert fir deelzehuelen.

D’Membere vum Conseil d’Administratioun si bestrieft sech och an dësem Joer un alle Commemoratiounen op nationalem Plang ze bedeelegen, ëmmer am Respekt virun all deenen déi fir eist Land am Krich gekämpft- oder hiert Liewen hu misse loossen. Dëst soll an Zukunft Leitmotiv a Beispill och fir di jonk Generatioun duerstellen.