Ierseng. Op Initiativ vun der Ëmweltkommissioun hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 3.1. aus der Trëntenger Grondschoul de 16. Dezember zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung zu Ierseng „ um Léiser“ an engem ale Bongert 16 Uebstbeem geplanzt.
Den zoustännege Fierschter, den Tom Engel huet d‘Schüler Sënn an Zweck vun esou Aktiounen opmierksam gemaach. D‘ Uebstbeem gehéieren am Trëntengerdall zënter jeehier zum traditionelle Landschaftsbild. Uebstbongerte sinn en Hotspot vun der Biodiveristéit a liwweren eis zousätzlech och nach gesond Uebst. Wichteg ass och, datt al Uebstbeem duerch jonker ersat ginn. Bei de Beem, déi dee Mëtteg, bei naassem a kalem Wierder vun de Kanner zesumme mat de Bëschaarbechter geplanzt gi sinn, huet et sech, wéi kënnt et am Kiischtendall anescht sinn em Kiischtebeem gehandelt. Dobäi ass op al regional Zorten, déi perfekt un déi lokal Begebenheete ugepasst sinn zeréckgegraff ginn.