"Krimi beim Dinner"

Am Kader vum 30. Anniversaire huet d'Trëntenger Bühn den 28., 29. an 30. Oktober 2011 op gastromärderesch Theaterowender am Centre Culturel zu Waldbriedemes invitéiert.
Dëst Joer gouf Opera Surprise "Am Foyer vun der Oper" gespillt, en Krimi-Komédistéck vum Ulrich G. Engelmann an et gouf an d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Michelle Thurmes-Mathias.
Nierft engem spannenden Krimi op der Bühn konnt dat zahlreicht an begeschtert Publikum och nach en gudden Menu geneissen.
Et hun matgespillt: Fränz Goldschmit, Conny Boussong, Christian Greisch, Jang Thurmes, Mike Thill, Michelle Thurmes-Mathias, Michèle Saeul-Schmit, Chantal Kirsch, Monique Wintringer-Feider an Millie Thurmes-Frentz.
Pësperkëscht: Sandy Warken
Molkëscht: Lucie Raach
Technik: Nico Hermes

www.trentengerbiehn.lu