Waldbriedemes

Bei Geleenheet vun der Generalversammlung 2022 vum „Frëndeskrees Kamerun“ konnten déi Verantwortlech matdeelen, datt de Ministère de la Coopération en neien accord cadre ennerschriwen huet an domat de Projet „Centre d’Accueil de l’Espoir“ 2022-2026 finanziell matdréit. Dat bedeit fir äis en Eegekapital opzebréngen vu jährlech 36.000-40.000.-€ fir Kanner am Centre mat Nahrung, Kleedung, Ausbildung, …. ze ennerstëtzen, grad esou wéi d’Fonktionnement vum Centre ze assuréieren, an dozou gehéieren och salaires vum BetreiungsPersonal.

Duerch verschidden Aktivitéiten an eiser Gemeng an ausserhalb ass et méiglech en Deel vun deem Geld zesummen ze schaffen, am Abrëll waren dat den traditionellen Kéisowend, an en Ouschterhueserallye iwwert den Daller Trëppeltour mat Spiller, Quiz an Iwerraschungen Den Erléis geet integral an de Projet, an jidfer Huesegrupp war Gewënner vum Rallye. Déi drei Haptgewënner vum Quiz goufe mat engem extra Preis ausgezeechent.