30 Joer FinLux

E Samschteg den 17. Juni huet Finnish-Luxembourrg Society A.s.b.l. an der Hostellerie Stafelter zu Walfer seng 30 Joer gefeiert. En etlech Leit, haten sech afonnt fir zesummen e flotten Owend bei engem gudde Maufel ze feieren.


Am Grënnungsjoer 1993, war Finland, dat eréischt 1995 Member ginn ass, nach net an der EU. Deemols hunn eng 200 Finnen zu Lëtzebuerg gewunnt, an déi meescht vun hinnen hunn op der Bankeplaz geschafft. Am Laaf vun de Joeren sinn dun ëmmer méi Finnen, déi virun allem bei den Europäeschen Institutiounen geschafft hunn, op Lëtzebuerge wunne komm.


D’Finnish-Luxembourg Society A.s.b.l., haut FinLux, gouf deemols gegrënnt fir ee Forum ze schaafen, wou Finnen aner Finnen, mee och Lëtzebuerger begéinen kënnen fir zesummen Aktivitéiten z’ënnerhuelen an d’Ländchen kennen ze léieren.

Och haut, 30 Joer méi spéit, wou iwwer 1.200 Finnen hei zu Lëtzebuerg wunnen, huet dës Iddi näischt vun hierer Aktualitéit verluer.


An deem Sënn gouf niewent dem obligatoresche Réckbléck op déi leschten 30 Joer och no vir gekuckt an de Programm vun Aktivitéiten fir dëst Joer virgestallt.


Den Owend gouf mat live Musek a finneschen Lidder musikalësch encadréiert.


(Photo courtesy of Kati Wolff)


www.finlux.lu