Kritt den Tennis Club Walfer endlech eng Tennishal?

Kierzlech huet den TCR Walfer seng ausgefale Generalversammlung vum Mäerz am Centre Prince Henri nogeholl. Houfreg ass een op déi nei Homepage www.tcrwalfer.lu, op där een elo all Informatiounen iwwert de Club fënnt.


Aus dem Aktivitéitsrapport vum Valérie Quest ass ervirzesträichen, datt déi 1. Härenequipe erëm an d’Nationale 3 geklommen ass. D’Lieve Aenckaert huet de finanzielle Bilan gemaach: De Club steet finanziell ganz gesond do an d‘Zuel vun de Membere klëmmt. Besonnesch d’Ball School fir Kanner tëschent 4 a 6 Joer huet ëmmer méi Succès. Mat sengen iwwer 300 Memberen ass den Tennisclub ee vun de gréisste Clibb zu Walfer, mä och national ass den TCRW an den Top10, wann een d’Umeldunge vun den Equippe fir d‘Interclub-Championnat kuckt. Trotzdeem ass den Tennisclub ee vun deene wéinegen am Land, déi nach ëmmer keng Tennishal hunn. „Eng Tennishal ass fir e Club kee Luxus, keen « nice to have », et ass eng absolut Necessitéit, fir sech kënne weiderzëentwéckelen“, esou de President Gigo Lamesch. Well déi disponibel Creneauen an den Omnissportshale vun der Gemeng limitéiert sinn, huet de Veräin dëst Joer fir d’éischte Kéier och misse Kanner refuséieren, well keng Plaz méi an der Tennisschoul war. Op der Generalversammlung gouf et och eng Gedenkminutt fir deen am Summer onerwaart verstuerwenen Tresorier Fabrice Alix.


Den neie Comité gesäit elo folgendermoossen aus: Gigo Lamesch (President), Dan Flies (Vize-President), Claudia Engelbrecht (Sekretärin fir Sport), Valérie Buckhurst (administrativ Sekretärin), Lieve Aenckaert (Tresorière), Raymond Majchrzak, Joseph Zouein a Mathieu Chatelet (Memberen). De Comité huet och decidéiert de Chouche Feidt, deen 13 Joer laang d’Geschécker vum Veräi geleet hat, zum Éierepresident ze ernennen.


Zum Schluss hu verschidde Memberen hire Wonsch fir eng Tennishal ënnerstrach a verschidden Optioune proposéiert. D’Membere vum Schäfferot Michel Feidt an Jessie Thill hunn erkläert, datt een déi richteg Plaz fir esou eng Hal fanne muss. Si hunn och ugekënnegt, datt d’Gemeng d’Clubhaus vergréissere wëll, Detailer hätten si awer nach keng. „Mir wëllen als Veräi wuessen, mä ouni Hal ass dat leider net méiglech!“, esou den ofschléissende Constat vum Gigo Lamesch.