Luxracines ënnerstëtzt Tricentenaire asbl

An der Generalversammlung vu luxracines.lu zu Walfer konnt de President Patrick KOSTER eng ganz Rei Membere begréissen, besonnesch awer och den Här Alex DONNERSBACH, Schäffe vun der Gemeng Walfer an d’Madame Laura VENEZIANI, Directrice vun der Tricentenaire asbl an den Här Marc SIETZEN, deen d’Bewunner vun der Tricentenaire asbl vertrueden huet.

No e puer kuerzen Erklärunge vum President zu der Familljefuerschung am Allgemengen an der Aarbecht vu luxracines.lu, huet d’Trésorière Cathy MEDER-DEMPSEY e gesonde Finanzrapport presentéiert.

D’Sekretärin Christiane OTH-DIEDERICH huet zeréck gekuckt op d’Aktivitéiten, déi am Joer 2023 organiséiert goufen, z.B. Visitte vun Archiven an Ausstellungen an Deelhuele vu luxracines un nationalen an internationalen Aktivitéiten. Nei Aktivitéite fir 2024 sinn a Planung a ginn um Site affichéiert.

Den Här Alex DONNERSBACH huet drop higewisen, dass Familljefuerschung interessant ass, fir seng perséinlech Geschicht a seng Originne kennen ze léieren an ze verstoen. Ee Veräi wéi luxracines.lu, mat senger Bibliothéik op 87, rue de l’Eglise zu Walfer, ass eng Beräicherung fir d’Gemeng.

Fir de Moment fannt Dir hei ronn 2.800 Bicher, ausgedréckt oder als PDF. Op de Computeren an däer Bibliothéik ass och eng Online-Recherche méiglech. D’Ëffnungszäite vun der Bibliothéik fir elo am Summer stinn um Site vu luxracines.lu.

No der Generalversammlung huet d‘Madame Laura VENEZIANI ee Réckbléck op d’Geschicht vun der Tricentenaire asbl gemaach, vun 1978 bis haut, an huet Erklärungen iwwer d’Servicer an d’Aktivitéite ginn. De Scheck vun 2.500 €, dee luxracines iwwerreecht huet, erméiglecht et weider Aktivitéiten am Joer 2024 fir d’Bewunner ze organiséieren.

Informatiounen iwwer de Veräi vun de Familljefuerscher fannt Dir op www.luxracines.lu oder kontaktéiert ons iwwer info@luxracines.lu

More news by luxracines.lu >