Orchideeë an Industriegschicht
17
Picture Gallery
Please scroll down,
to see more pictures.
to see more pictures.
Och dëst Joer huet d'LSAP-Walfer erëm eng Wanderung iwwert de Sonnebierg zu Helsem (Walfer) organiséiert. Dobäi huet de Fernand Schiltz eng detailléiert Féierung iwwert d'Dreschewiss vum Sonnebierg gemaach a mat vill Fachkenntnes d'Orchideeë, awer och d'Kraider insgesamt erkläert. Den Alain Weins huet sech em den industriehistoreschen Deel gekëmmert an dem ganz interesséierten Publikum d'Exploitatioun vun der Gipsmine an déi spéider Notzung duerch d'Seismologen erkläert. Och op déi réimesch Siedlungsspuren gouf higewisen.