Porte Ouverte Walferpompjeeën

E Samsdeg den 14.05.2011 haten Pompjeeën vu Walfer Porte Ouverte.Dest huet sech op der Gemengeplaz zu Walfer ofgespillt.
Déi Walferpompjeeën haten all Ween a Material ausgestallt.Si goufen vun den Pompjeeën vu Luerenzweiler an dem Service d'Intervention vun Lëntgen bei der Ausstellung vu Material ënnerstetzt.
Den Highligt war de Camion mat der 23 Meter Leeder,en Maferus Iveco 23/12 deen offiziell virgestallt ginn as, an och geseent gin as vir an den Asaz.Dësen Camion huet 23 Joer um Bockel, as awer vun ennen bis ouwend komplett nei gemat gin, an as bereet vir an de Asaz. Vum Akommes, vun den Memberskaarten as dësen Camion bezuelt ginn.
De ganzen Dag iwwer, waren Demonstratiounen mat Feierläscher, sprëtzen vun der 23 Meter Leeder a.e.s.w.
Och Jonckpompjeen hun gewiesen wat sie schons alles geléiert hun vir e Feier ze läschen.
Vir den Duscht an Honger war natierlech och gesuergt.
Et war en flotten an interessanten Dag zu Walfer op der Gemengeplaz, wou een sech emol een Abléck an Arbecht vun den Pompjeeën konnt machen.
All déi jonck an déi, déi jonck bliwwen sin, déi un der Pompjeesarbecht interesséiert sinn, kennen sech bei den Walferpomjeen mellen.
Soe mer der Gemengwalfer merci vir hier gud Zesummenaarbecht mat den Walferpompjeeën,well dat jo net iwwerall esou as.
Ënnert dem Site www.pompjeen-walfer.lu oder corps-pompjeen-walfer.lu fand dir déi néideg Informationen.