Generalversammlung Gaart an Heem Wecker

Den 27ten Mäerz 2024 huet den Gaart an Heem Wecker op hier Generalversammlung invitéiert. Niewent de Memberen vum Club war eise Buergermeeschter matt den Vertrieder vum Schäffen-an Gemengerot present.

Wärend dem Owend goufen 5 Memberen fir 25 Joer Trei zum Veräin geéiert.

Fir 10 Joer Kommitee gouf Nicole Mergen a fir 25 Joer Kommitee goufen Marianne Etringer an Lea Mai honoréiert.

Fir 25 Joer “Reviseur de caisse” krut Gaby Gilbertz eng Enveloppe an e puer Blimmercher

No der Versammlung war een gemittlecht Zesummesinn matt engem gudde Patt an e puer Häppercher