Den Pilztour vum 1. Oktober zu Hassel war e vollen Erfolleg

Eisen Pilztour vum 1 Oktober zu Hassel war en vollen Erfolleg! Eng ganzer 41 Leit sinn bei
dësem Tour mat gaangen. Bei aussergewéinlech Schéinen Wiederconditiounen op engem 1 Oktober (Summerwieder am Hiecht)

Den Guide den Mykolog François Weber huet mat sengen Erklärungen iwwert
eis Champignonen am allgemengen , an och iwwert déi wéineg Pilzer déi mir fonnt hunn
(schold ass dat anormalt warm an dréchent Wieder an den leschten Wochen)
d'Leit begeeschtert , an hien hat eng ganz Këscht Champignonen mat bruecht fir eis ze
weisen an ze erklären.

En groussen Merci un den Här Weber, an un all déi Interessenten wou matkomme sinn!

Natur&Emwelt Sektioun Hesperange/Weiler

Visit our Homepage: www.naturemwelt-hw.lu