Konveniat vun der 1re moderne 1969 Fieldgen

Den 1.Samschdeg am Oktober ass fir d´1re moderne 1969 vum Fieldgen ëmmer Konveniatszäit, an dat schonns säit 48 Joer. Dëst Joer huet d´Monette Ney-Kieffer organiséiert, getraff gouf sech zu Remerschen am Chalet fir d´Mëttegiessen, duerno war eng visite am Biodiversum ugesot,an als Ofschloss, sinn die “Sportlechst” vun hinnen nach en Tuer ëm d´Weiheren getrëppelt. Sou gung dee flotten Dag erëm vill ze vill séier eriwwer, mais de Rendez-Vous fir d´nächst Joer steet och schonn erëm fest: den 1. Samschdeg am Oktober. Organiséiert gëtt en déi Kéier vum Nicole Sinner-Speller. (Foto an Text vum Claire Theisen)