Aweiung a Scheckiwwerreechung

Inauguration Bicherstuff Wooltz Inauguration Bicherstuff Wooltz
21.10.2021
Wiltz, rue de la Gare
Photo: Inez Verharen


Nodeems d´Bicherstuff Wolz am Abrëll op d´Gare geplënnert ass, konnt lo kierzlech a Presenz vu Vertrieder vun der Weeltzer Gemeng, déi offiziell Aweiung gefeiert ginn. Bei dësem Ulass gouf dervu profitéiert der Cooperation Wolz ee Cheque vu 5000€ ze iwwerreechen. D´Lëtzebuerger Bicherfrënn verkafe gebrauchte Bicher fir ee gudden Zweck, dëst zu Wolz an der Bicherstuff an zu Buerglënster an der Pabeierscheier. D´Bicherstuff Wolz ass all Donneschdes vu 17.00-19.00 Auer an all 3te Sonndeg am Mount vu 14.00-17.00 Auer op. www.bicherfrenn.lu (Foto: Inez Verharen)