Konveniat: Flott Treffen zu Wooltz.

Wooltz. Den 1. Juli hate sech déi Weeltzer Dammen an Häre vum Joergang 1953 Rendez-vous ginn zu Wooltz, fir sech, wéi schonn zënter 1983, all 5 Joer erëmzegesinn. No engem Ëmfank an der Gemeng zu Wooltz ass et fir d’Mëttegiessen eriwwer an den "Hotel-Restaurant beim Schlass“ gaang. Am spéiden Nomëtteg ass dunn de „Sentier de la mémoire Schumannseck 1944-1945“, ënnert der Leedung vum Guide Jean Weber, besicht ginn. Bei engem Patt ass dee flotten Dag gemittlech ausgeklongen. D’Organisateuren Annette Alff, Robi Reimen, Romain Schaus an Christiane Werthesen soen hire Komerodinnen a Komerode Merci, dass si dem Konveniat scho sou laang d’Trei halen a freeë sech elo op deen nächsten.

Foto Jos Scheeck