Spillowenter am Kiischpelt

All letzten Mëttwoch am Mount organiséiert den DNV25+ flott Spillowenter am Kiischpelt.

Op fir eng Partie Kaart, Millchen oder Monopoly bei eis fënnt jiddereen (net just eis Memberen) eng lësteg Gesellschaft!

Mir spillen vun 19 Auer un am kléngen Sall vum Centre Communal zu Wëlwerwolz, an wat mer zu méi sin wat et méi lësteg get! Dofir kommt all!

Bei eis leid iweregens och keen Honger an Duuscht!