Én heemleche Bléck bis op Donkelser Kierch

D'Kierch zu Donkels ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wanseler gehéiert.
Dat eelsten Dokument, an deem eng Kapell zu Donkels ernimmt gouf, ass e Prozessakt vu 1640. Donkels huet deemools nach zur Par Soller gehéiert. Eréischt 1872 gouf Donkels Sëtz vun der Par a Soller gouf d'Filial.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Donkels, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Donkels huet ausser der Parkierch och nach d'Nikloskapell vu Soller gehéiert.