Är Equipe, 100% engagéiert fir d'Wormer Gemeen

Op der Foto vun lénks no riets: Philippe STEFFEN, Max HENGEL, Jeff KONSBRÜCK, Sérgio GONCALVES, Marie-Louise ADAM ép. ECK, Claude PUNDEL, Judith KOHLER ép. HIPPERT, Marc BECKIUS & Patrick LINSTER.


Mir sinn iwwerzeegt datt d’Wormer Gemeen mat den Uertschaften Éinen, Wormer, Wormerberreg, Dräibuer, Kapenaker, Ohn a Meechtem vill Potential a Méiglechkeeten huet. Vill nau Ideen, Konzepter a Pläng kënnen awer just optimal an zur Zefriddenheet vun de Leit ëmgesat ginn wann d’Politik d’Awunner mat abënnt an hinnen nolauschtert.


Mir sinn een engagéiert Equipe vun 9 motivéierte Leit, déi hier ënnerschiddlech Beruffs- a Liewenserfarungen wëlle mat abréngen fir d’Gemeen am Sënn vun allen Bierger weider ze entwéckelen. Aus deem Grond wëlle mir Eech mat iise Virschléi a politesche Visiounen iwwerzeegen.


Wann dir Détailer zu iisem Wahlprogramm wëllt wëssen oder soss Froën un iis huet, zéckt nët Kontakt iwwert iis Homepage http://www.wahlen17.lu oder iis Facebook Säit matt iis opzehollen.