Excellent 4. Platz op engem staark besaten Tournoi zu Bartreng


D´Bambinien waren dësen Weekend och op Bartreng op en gut besaatenen Tournoi invitéiert ginn. An hirem Pool waren nach Equipen wei Red Star Merl-Belair, Etzella, Blo-Waiss Izeg, Bartreng, Moutfort an Remeleng wou si di zweet Platz gemaach hunn. Hiren Géigner vir den Platzeierungsmatch ze spillen sollt dunn Jeunesse Esch sinn. Et war een ganz staarken Géigner an eis Jongen hunn vill Drock gemaach sou dass die Escher hier Hänn voll ze dinn haten vir eis Ugrëff ze verteidegen, mä leider ass et den Bambinien net gelongen vir deen decisiven Goal ze schéissen sou dass den Match huet missen mat 7 Meter entscheet ginn. D´Spannung ass bis zum Schluss gehalen ginn well no 5 siwen Meter stoung et nach ëmmer gläich. D´Supporteren hunn mat der ganzer Equipe mattgefeiwert, mä leider sollt d´Gléck net op eiser Säit sinn an d´Jeunesse huet déi nächst 2 Goaler erangesaat waat deenen Wormer leider nett mei gelongen ass. Trotzdem war et een ganz flotten Tournoi mat enger gudder 4. Platz vun 14.