Promenade du Terroir

Den 8 Juli hunn Ohner Wënzer an Confrerie du Palmberg een Trëppeldag duerch an ronderëm de Palmberg organiséiert ënnert dem Motto „Promenade du Terroir“.

Bei sonnegem Wieder konnten Leit vun 10 Auer moies sech fir zwee Weeër entscheeden. Den méi familljefrëndlechen war ca. 4,5 Km an Leit konnten duerch Lagen Vogelsang, Gëllebour an Pälembierg trëppelen. Den aneren war fir méi usprochsvoll Leit an de Wanderwee vun ca. 7 km huet een Deel vun der „Traumschleife Wein – und Naturpfad Palmberg“ och mat agebonnen.

Leit konnten sech op jeeweils 3 Tëschenetappen bei engem klengen Maufel an engem Glas Wäin vun den Ohner Wënzer stäerken. Et gouf Austeren, Kéisvariatioun an Rieslingspaschtéit.

No dem Trëppelen konnt een sech beim Centre Culturel nach bei Iessen, Wäin an Musek amuséieren an den Dag gemittlech auskléngen loossen. Kanner konnten sech beim Sprangschlass austoben an och déi gutt an nei Limonade op Basis vun Holunderbléiensirop drénken.

Fir den Honger ze stëllen hunn zwee Food-Trucken gesuecht an Confrerie du Palmberg huet déi edel Cruen vun den Ohner Wënzer servéiert.

Kuerz gesot, et war en agreabelen an flotten Dag fir Marcheuren an och déi di net trëppelen wollten.