4 nei Publikatiounen vum Comité Alstad asbl

Hei stelle mir déi 4 rezent Publiatiounen vum Comité Alstad viir :


1 " Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ ass den Titel vun der neister Publikatioun vum Comité Alstad.


D’UNESCO bezeechent dat immateriellt Kulturierwen och gären alsc„liewegt Kulturierwen“. Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.


D'Buch, verfaasst vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad asbl, räich illustréiert, beschäftegt sech mat den Themen „Etymologie und Ursprung der Éimaischen - Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Éimaischen“ - Das Töpferhandwerk - Nospelter Töpferei – ein früheres Dorfhandwerk - Stadtluxemburger Krüger und Töpfer - die „Péckvillercher“und die „Stater Éimaischen“ - zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts, Jean Peters und Léon Nosbusch sowie der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.


2 „LUXEMBOURG sketch by sketch“ ass eng Sammlung vu Skizzen, déi tëscht 2016 an 2023 vum belsch-lëtzebuergeschen Architekt Arnaud De Meyer (1972) an der Alstad a senge Banlieue op der Plaz (in situ) gemaach goufen. D'Skizzen op dëse Säiten gesammelt illustréieren verschidde Plazen an der Alstad an historesche Banlieue, déi den Auteur markéiert hunn.


D'A5 Format vum Skizzebuch entsprécht der Gréisst vun den originalen Skizzebicher, déi vum Auteur benotzt gin. D'Skizzen ginn also an hirer originaler Gréisst presentéiert an dat klengt handlecht Format vum Buch mat haardem Deckel, maachen doraus och e praktesche Guide fir d'Stad ze besichen. D'Plaze wou d'Skizzen gemaach goufen sinn op enger Kaart markéiert, déi erlaaben vun enger skizzéierter Plaz op déi aner gefouert ze gin.


3 D'Molbuch "Lëtzebuerg Alstad", 2021 beim Comité Alstad editéiert, an enker Zesummenaarbecht mat de "Frënn vum Mansfeld-Schlass" erauskomm,gouf vum lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, hien huet de Scan vum Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.


4 „D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck“, „Aus dem Liewe vum Zënt Märten“ an „d’Séche vum Zinniklos“ sinn dréi Séërcher vum Georges Schmitt (1907-1986) aus der lëtzebuergescher Literatur. De Comité Alstad huet déi 3 Legenden an engem Sammelband fir Chrëschtdaag 2021 erausbruecht.


Interessant ass, datt déi 3 Geschichtercher souwuel an der aler Schreifweis aus der Zäit vum Georges Schmitt an an enger Géintiwwerstellung mat der haiteger Schreifweis vun der lëtzebuergescher Sprooch kenne verglach ginn. De Georges Schmitt war Konschthistoriker an Conservateur am nationale Geschichtsmusée an Matbegrënner vum Comité Alstad. D’Iwwerschreiwung an déi haiteg lëtzebuerger Schreifweis vum Robert Baddé goufen un Hand vun den Urtexter vun 1944 an 1945 vum Georges Schmitt gemaach. Fir de Layout war de Sergio Di Paoli zoustänneg.

D’Bicher kann ee bestellen beim Conité Alstad asbl - um Telefon 46 61 88 oder per E-Mail comite.alstad@pt.lu 0der einfach duerch Iwwerweisung op de Spuerkeesskont BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 :


1 " Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ -

Präis 20.- € , Porto abegraff

2 „LUXEMBOURG sketch by sketch“ - Präis 30.- € , Porto abegraff

3 Molbuch "Lëtzebuerg Alstad" - Präis 20.- € , Porto abegraff

4 „D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck“, „Aus dem Liewe vum Zënt Märten“ an „d’Séche vum Zinniklos“ - Präis 20.- € , Porto abegraff