Ausfluchsdag 2020 « op de Spuere vun 150 Joer Diözese Lëtzebuerg »

D’ Lëtzebuerger Massendénger hunn hir neit “Aarbechtsjoer” mat engem Ausfluchsdag - een Dag deen um leschte Samschdeg am September geplangt gëtt - ugefaangen. Dëst Joer war et kloer, datt mir dësen Dag an der Stad verbrénge géifen – an hunn eis do op d’Spuere vun 150 Joer Diözese Lëtzebuerg gemaach.

Ugefaangen an der Glaciskapell - éischt Bëschofsgriewer a Bëschofswopen goufen hei erkläert an d’Massendénger konnten dee wonnerschéine Billerzyklus zur Muttergottesoktav an der Kierchefënstere bewonneren. Ze Fouss huet de Grupp sech duerch de Park bis bäi d’Neipuert gemaach. Viru goung et bäi “de Bistum” an der Lantergässelchen bis an d’Kathedral. An der Krypta goufe weider Bëschofsgriewer besicht an eisen Nationalaumônier huet de Massendénger vill Interessantes iwwer déi eenzel Bëscheef aus der Geschicht an och aus der Géigewaart vun der Äerzdiözese erzielt. All eenzel Wope gouf genee ënnert d’Lupp geholl. Uschléissend konnte mir eis an der Sakristei Bëschofskräizer a Bëschofsstief genee ukucken a mir krute ganz interessant Detailer zum Votivaltoer an och zur Statu vun der Tréischterin mat op de Wee. Ee Bléck hanner deen iwwer 250 Joer ale Votivaltoer huet natierlech dobäi net dierfe feelen.

Gestäerkt mat enger gudder Pizza goung et am Nomëtteg an d’Atelieren. D’Massendénger am Grondschoulalter si bis an d’Zentral vun de Lëtzebuerger Massendénger getrëppelt fir hir Filzbild mat der Duerstellung vun der Tréischterin am Leed ze bastelen. Ënnerwee hat dee Grupp och d’Chance bis an Bëschofshaus ze luussen fir do e puer Impressiounen anzefänken. Natierlech konnten sech déi jonk Massendénger rout Kardinolskleedung mat der besonnescher Mitra, déi een als Kardinol kritt, ukucken.
D’Massendénger aus dem Secondaire kruten eng Aféierung an d’Ikonemolerei an et gouf och direkt ausprobéiert fir an deem Stil ze molen.

No engem klengen Ofschlossimpuls an der Krypta vun der Kathedral gouf dëse léierräichen Dag ofgeschloss.

Ee ganz grousse MERCI u jiddereen, den d’Massendénger op hirem Ausfluchsdag mat oppenen Äerm bei den eenzelen Statiounen emfaangen huet an hinnen esou vill nei Informatiounen mat op de Wee ginn huet.

https://web.cathol.lu/article8429


Fotoen an Text: "Ekipp Lëtzebuerger Massendénger"