Comité Alstad - Rendez-vous aux jardins 2023

Den 3. a 4. Juni 2023 beim Comité Alstad :


« Jardins et musique »


An d’Liewe geruff fir d'Sënner z'erwächen a jidderee d’Varietéit an de Räichtum vun de Gäert entdecken ze loossen, hiewen d’ « Rendez-vous aux jardins » d'Gaardekonscht an de Gaarde-Patrimoine besonnesch ervier. Si ënnersträichen hir wesentlech Roll fir eist Wuelbefannen an eis Identitéit souwuel an de Stied wéi och am ländleche Raum. Musek lauschteren oder de Kläng vun der Natur bewosst ginn ass en neie Wee fir de Patrimoine vun eise Gäert z‘entdecken.


De Comité Alstad lues Samschdes den 3. a Sonndes de 4. Juni 2023 an de Gaard vu sengem Sëtz um Fëschmaart an, an de Schied vun däer iwwer 100 Joer aaler Bluttbuch, déi zu de bemierkenswäerte Beem vun der Stad Lëtzebuerg gehéiert. Si steet am Gaart vum fréieren Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel um Fëschmaart. D'Bluttbuch (Fagus sylvatica cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) ass eng Varétéit vun der gewéinlecher Buch (Fagus sylvatica).


D'Buch bei der Méchelskierch ass bemierkenswäert wéinst hirer imposanter Kroun, mä virun allem och wéinst hirem Standuert: si steet op enger vun deenen historesch eelsten an touristesch am meeschte besichte Plaazen an der Stad Lëtzebuerg.De genauen Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer sécherlech 100 Joer iwwerschreiden.


De „Sang a Klang“, een vun den eeälsten Gesangvereiner aus der Stad Lëtzebuerg, gouf vun engem vun den bedeitensten Komponisten, dem Laurent Menager gegrënnt, deen och hieren éischten Dirigent.


De Comité Alstad konnt de „Sang a Klang“ gewannen fir e flotte Concert Samschdes, den 03. Juni 2023 um 16:00 Auer am Kader vum „Rendez-vous-aux Jardins“ ze présentéieren. Et trieden op niewent der Chorale Sang a Klang, ënnert der Direktioun vum Pit Vinandy, de Kannerchouer vum Sang a Klang a Bella Bandura aus der Ukraine.

„ Sang mat “, an enger gemittlecher Ambiance. Um Pogramm : Jo, mir sinn mam Velo do – D’Pierle vum Dag – Blondinchens hun den Hues geschluecht – D’Margréitchen – De Schmatt – Lidd vun Bella Bandura – An Amerika – Fëschmaarter Liddchen – Un der Atert – Théiwesbuer …


Sonndes, den 04. Juni 2023 esou géingt 16:30 Auer kommen dann d’Haupeschbléiser - „Les Trompes de Chasse Saint Hubert“ bei ons an de Gaart a spillen ons e puer schéiner Fanfaren. Si fänken un um 14 :45 Auer beim Fändel an der Péitruss ginn dann bei Villa Vauban duerno bei d’Amalien-Denkmal am Park a kommen duerno bei de Comité Alstad an de Gaart. Den Ofschloss vum Optëtt vun den Haupeschbléiser ass op der Plëss.