Demonstratioun géint Atomenergie an der Stad

Den 26. Abrëll soll op der Clairefontainesplatz eng Méi lass sinn. Op alle Fall mol wann et no deenen Veräiner geet déi sech zesumme gedoe hunn fir deen Dag géint Atomenergie ze demonstréieren. Zu den affichéierte Ziler gehéiert dat direkt an definitiivt Zoumaachen vun den Atomzentrale vu Kättenuewen, Tihange a Biblis.

De Nationalen Aktiounskomité géint Nuklearenergie besteet aus Veräiner vun alle méigleche Bord'en, a politesche Faarwen. De Mouvement écologique, Greenpeace, Natur an Ëmwelt, den OGBL, de Landesverband, d'FGFC, den LCGB, d'Syprolux, d'FNCTTFEL-Jugend, d'LSAP, Déi Gréng, d'DP, Déi Lénk, d'KPL, den ADR, Déi jonk Gréng, Adrenalin, Forum, Commission Justice et Paix, Transfair-Minka, Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Klima Bündnis Lëtzebuerg an Eurosolar, si all ruffen hir Memberen an och all aner Lëtzebuerger op den 26. Abrëll um 18 Auer op Clairefontainesplatz ze kommen.

Foto: Guy Jallay