Den idealen Cadeau vum "Comité Alstad" fir déi kommend Feierdeeg :

E Plang vun der Stad a Festung Lëtzebuerg, deen den Thomas Mameranus am Joer 1561 zesumme mat engem Plang vun der Festung Diddenuewen dem Kinnek Philippe II., Herzog vu Lëtzebuerg geschéckt huet.


D‘Pläng ware begleet vun enger Préface an engem laange Mémoire vum Nikolaus Mameranus, dem Bruder vum Thomas Mameranus. Dee leschtgenannte wor Bierger vun der Stad Lëtzebuerg, Architekt an Entrepreneur vu Beruff. Dëse Mémoire wor am Fong eng Demande fir de Posten als Surindentant vun den Aarbechten an der Festung Lëtzebuerg.


D’Original vun dësem Plang gëtt an der Bibliothéik vum Escorial (MS E-II-15) zu Madrid versuergt.


Bestelle kann een de Plang Mameranus - Format 56 x 43 cm, gedréckt op Pabeier 50 x 60 cm (Conqueror velin 200 gr. blanc, couleur ivoire) - beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vu 40,00 € op de Kont bei der Spuerkees

IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 virum 10. Dezember 2023.


De Plang gëtt nach virun de Feierdeeg um Postwee verschéckt.