Fuerscheratelieren fir Kanner

Indiana Jos – Op de Spuere vu Fuerscher an Entdecker


Konzept

Am Optrag vun elisabeth hunn extern Formatiounspartner op Basis vun den lëtzebuergeschen Direktiven am non-formalen Educatiounsberäich an den Konzepter vun eisen Institutiounen, Formatiounen fir eis pädagogesch Mataarbechter am Handlungsfeld „Naturwëssen-schaft an Technik“ konzipéiert an duerchgefouert.

An engem Wiessel vun Theorie, Praxis an Reflexiouns-momenter gouf hinne gewisen, wéi ee mat Kanner naturwëssenschaftlech Themen ugeet. Kanner entdecken hier Ëmwelt mat hirem Virwëtz, hirer Kreativitéit an hirer Freed u Spillereien. Dobäi huelen si villes net sou selbstverständlech hin wéi Erwuessener.

Nieft den Fuerscheratelieren, déi zesumme mat de Formateuren an eisen Maison Relaisen opgebaut goufen, hu mir och mobil Fuerscheratelieren, mat deenen mir an d‘Schoulen kommen. Am pädagogeschen Alldag ginn eis forméiert Mataarbechter regelméisseg mat de Kanner op Entdeckungsrees an entwéckelen hier d’Wëssen an hier Experienz steteg weider.

Zënter kuerzem fuere mir och mat engem Fuerscherbus duerch d'Land a kommen bei iech an d'Schoulen.


Zil

D’Zil vun de Workshops ass et déi natierlech Entdeckerfreed vun de Kanner opzegräifen, Impulser ze ginn an zesumme mat de Kanner spilleresch eis Welt ze erfuerschen, fir dës Entdeckerfreed oprecht ze erhalen an si fir Themen am Beräich vun der Naturwëssenschaft an der Technik ze begeeschteren.

D’Fuerscheratelieren sinn sou konzipéiert, datt se d’Kanner uspriechen a motivéieren an d‘Fousstapfen vum „Indiana Jos” ze trëppelen an zesummen mat aneren “Op Spuere vu Fuerscher an Entdecker” ze goen.


Zilgrupp

elisabeth bitt Workshops fir Schoulklassen aus der Grondschoul un.


Themen

D’Theme ginn zesumme mam Léierpersonal ofgestëmmt, fir kënnen op aktuell Themen aus hirem Programm anzegoen. Mir bidden awer och fäerdeg konzipéiert Themen-Workshops un.


Käschten an Dauer

Pro Kand kascht eng Stonn Participatioun um Workshop 12,- €. Ee Fuerscher-Workshop dauert, je no Thema tëschent 2 an 3 Stonnen. Zäit kann individuell ugepasst ginn.


Umellung

Umelle kann een sech entweder per Mail indiana.jos@elisabeth.lu oder iwwer GSM bei der Mme Jutta Meyer, Responsable vum Projet Indiana Jos: +352 621 547 129


Themen-Workshop

Lirum, Larum, Löffelstiel: Experimenter aus der Chimiekichen: Mintis, Brausepause & süße Mäuse. (Dauer: 2 Stonnen)

Glibber, Schläim & Co: mir experimentéieren mat Maizena a stellen Flummys an nach villes méi hier. (Dauer: 2 Stonnen)

Kommissär Jos an Josette op Verbriechersich: een interaktiven Workshop ronderëm een Erpresserbréif—mir liesen d‘Spueren um Tatort. (Dauer: 2 Stonnen)

Dem Indiana Jos säi Rakéitenatelier: Kanner erfuerschen ënnerschiddlech Antriebsméiglechkeeten fir Rakéiten ze bauen. (Dauer: 2 Stonnen)

Wow-Effekter mam Jos: Mir stellen Elefantenpasta hier, ziichten Kristaller an bauen en Dëschvulkan. (Dauer: 2 Stonnen)

En unzéiende Projet: mir experimentéieren mam Kompass a mat Elektromagnéiter. (Dauer: 2 Stonnen)

Den Indiana Jos an Josette op enger Fuerscher-Foire: e Mix aus Experimenter aus allen naturwëssenschaftlechen Beräicher. Themen an Dauer gi je no Besoin ugepasst.



------------------------------------------------------------------

elisabeth - Kanner- a Jugendberäich

22, boulevard Joseph II

L-1840 Luxembourg

BP 840 L-2018 Luxembourg



Website: http://www.elisabeth.lu/

Facebook: Indiana Jos

More news by elisabeth - am sozialen déngscht zu lëtzebuerg >