„Riesling Open“ : nei Erfarung fir de Gaart an Heem Uewerkäerjeng.

Aus Richtung Fluessweiler kommend féieren e sëllege Kéieren - lénks a riets ass, mat Ausnam vun e puer Maisfelder, quasi alles dir - iwwer Uewer- an Ënnerdonwen bis riicht eran an d’Häerz vun Ohn. Dréche stenge Maueren ëmraissen zeg grouss, gefleegten, al Caves'en vu (fir Topwäiner bekannte) Privatwënzer. D'Uertschaft weess op Anhieb ze begeeschteren an ass um drëtte Weekend vum September zweiwellos « The Place to be ».

« Riesling Open » ass nees ugesot, déi nei Kinnigin (Sara Rinnen) am Amt a säit dësem Joer mëscht op dësem Fest ee ganz neien Acteur mat : face zum Domaine Max-Lahr huet de « Gaart an Heem Uewerkäerjeng » seng Zelter opgeschloen. Virun dësen leeft e sëllege Gäscht reegelrecht d‘Waasser am Mond zesummen. Feinste Mäifel ginn hei opgedëscht: op Fleesch, Fësch oder vegetaresch, fir all Goût ass eppes dobäi. Am Service, do fluppt et, an dach, ët bleift ëmmer Zäit fir e frëndlecht Wuert. Am Nu sti Spare-Ribs, Reecher-Saumon, Truite saumonée de l‘Our an/oder Porettenzapp inklusive Begleedung um Dësch. Frësch gestäerkt maachen sech vill zefridde Gesiichter op de Wee a ginn sech vun der Qualitéit vun de Lëtzebuerger Cremanten a Wäiner iwwerzeegen.