D’Amicale vun der Spuerkeess huet hiren 30. Gebuertsdag gefeiert

Am Casino 2000 zu Munneref huet d’„Amicale des anciens de la Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat“ viru kuerzem hir beléift „Journée des anciens“ gefeiert, déi dëst Joer am Zeeche vum 30. Gebuertsdag vun der Vereenegung stoung.

Mat engem flotte Concert-Apéritif huet d’„Big Gand vun der Spuerkeess“ ënner der Leedung vum Romain Alff den Optakt vum Treffe gemaach. A senger Begréissungsusprooch ass de Präsident Georges Prommenschenkel op d’Grëndung vun der Amicale agaang an d’Direktioun vun der Spuerkeess krut merci gesot fir materiell a finanziell Hëllef.

Am Numm vum „Comité de direction“ vun der Spuerkeess huet de Sous-Direkter Rudi Belli op eng flott Manéier d’Zesummenhalen an d’Frëndschaft ënner de Pensionären an den Aktiven ënnerstrach. Eier et un dee gutt gedeckten Dësch goung, op deem de Gebuertsdagskuch net gefeelt huet, sinn déi 75- an déi 80-järeg Membere geéiert ginn. Dat waren: Jos. Binsfeld, Théo Feiereisen, Josette Friedrichs-Garnich, Henriette Kremer-Engelmann, René Kalmes, Nicolas Keiser, Emile Kirsch, Josy Marnach, Yvonne Poos-Zimmer, Josy Turmes a Mathilde Weidert-Decker (80 Joer), Paul Erasmy, Fernand Michels, Fredy Hensmans, Aloyse Schummer, Raymond Gengler, Jeanne Marnach, Catherine Vogt-Neuens a Catherine Zeien-Weyer (75 Joer). (m.h.) (Foto: Flavie Hengen)