Dem Antonio Morais zum 90. Gebuertsdag gratuléIert


Ueschdrëf: Nach gut a Form an och ëmmer gut der Deng, konnt den Antonio Morais viru kuurzem säin 90. Gebuertsdag, Doheem zu Ueschdrëf och feieren. Den Antonio huet den 18. August 1935 d’Liicht vun der Welt, als den eelsten vu 7 Kanner um Cape Verde erbléckt. Seng Elteren waren den Manuel Morais an d’Francisça Delgado. Den 12. Mee 1978 ass Hochzäit gefeiert gin, mam Marita Breuer vun Hermeskeil (D). Vun 1975 un huet d’Famill Morais zu Sëll gewunnt an ass am Joer 2019 definitif an hirt Haus op Ueschdrëf geplënnert. Si sin haut Stolz op hir dräi Jongen an op hir eenzeg Duechter. Mat hirem Enkelkand huet sech d’Famill Morais mat vill Freed och schon vergréissert. A sengem aktiven Berufsliewen huet den Antonio Morais an der Schreinerei Boden zu Sëll geschafft. Mat engem mat Kuerf, gefëllt mat Naturprodukter war d’Madame Buergermeeschter, Myriam Binck a Begleedung vun hiren zwéin Schëffen Sonja Kettmann a Mike Bolmer dem Gebuertsdagskand zum 90. Gebuertdag am Numm vun der Gemeng Rammerich och ganz häerzlich gratuléieren komm. Ganz iwerrascht iwert de schéine Geste vun der Gemeng, ass zesummen d’Glas erhuewe gin an op weider gesond Joeren, geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)