Op der Generalversammlung vun den "Amis du Château d'Aspelt", déi Mëtt Abrëll 2026 am Sall Busleyden am Schlass vun Uespelt ofgehale gouf, huet de Präsident, Jean-Paul Schong d'Memberen a Frënn vum Schlass vun Aspelt, souwéi d'Gemengevertrieder begréisst. Hien huet sech bei de Membere vum Comité bedankt fir hire wäertvollen Asaz am Laf vum leschte Joer an hofft op eng weiderhi gutt Zesummenaarbecht.
D'Sekretärin Claudine Winkel huet de Bericht iwwer d'Aktivitéite vum Joer 2025 presentéiert. Si huet, ënner anerem, déi exzellent Zesummenaarbecht mat der Gemeng Fréisengen ervirgehuewen. Och huet si op déi nei Editioun vum Schlassmaart opmierksam gemach déi de 16 a 17 Mee 2026 stattfënnt.
Nodeems de Keesebericht vun der Tresorière Rose-Marie Merckx guttgeheescht gouf, huet de Buergermeeschter Roger Beissel de Veräin zu hiren interessanten Aktivitéite vum leschte Joer gratuléiert.
No der Generalversammlung, huet den Här Romain Schaus, Chef-Guide vun de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg e flotten Exposé gehalen «Le Front de la plaine vun der Festung Lëtzebuerg am Laf vun de Joerhonnerten”.
Den Owend gouf gemittlech mat engem Häppchen an engem Patt ofgeschloss.