E ronne Gebuertsdag

26
févr.
2025
26 févr.

De leschte Sonndeg huet den Nico Eischen am Krees vu senger ganzer Famill seng 90 Joer gefeiert.

Op dëser flotter Feier gouf vill gelaacht a gedanzt. Fir dës gutt Stëmmung huet den excellenten Duo Sonia an Nino bäigedroen. Seng Schwëster Daisy huet eng schéi Ried gehal iwwert déi verschidden Etappe vu senger Jugend!

Uschléissend huet den Nico drop gehal fir senger ganzer Famill Merci ze soen an huet mat e puer léiwe Wierder u seng verstuerwe Fra Josette erënnert.

Dem Nico säi Wonsch war et duerch dës Feier aplaz vun engem Kaddo en Don un d'Associatioun Friendship Luxembourg ze maachen.