op de Spuren vum groussen Dichter Theodor STORM
De Claude MANGEN verzielt iwwer seng Rees an Nordfriesland op de Spuren vum groussen Dichter Theodor STORM Nieft Informatiounen ronderëm Liewen a Wierk vum Schrëftsteller héier dir Auszich aus der Novelle “Der Schimmelreiter” dem STORM senger leschter grousser Erzielung Den Theodor STORM ( 1817-1888 ) war laang verkannt, an den Thomas MANN war ee vun deenen éischten, deen am Schrëftsteller aus Nord-Friesland méi gesinn huet wéi just en Heimat-Romantiker. “Er ist ein Meister, der bleibt” sou dem MANN säin Uerteel. De Jurist a Landvogt Theodor STORM war tëscht Biergertum a Kënschtlerexistenz, tëscht Weltliteratur a senge friesesche Wuerzelen hin an hier gerappt. Dem Schrëftsteller seng literaresch Landschaften a Liewenswelten beandrocken bis haut, an de STORM ass alles anescht wéi e provinziellen Heimatdichter. De Claude MANGEN huet den Auteur vun e.a. de Novellen “Pole Poppenspäler”, “Immensee” an “Der Schimmelreiter” a senger Jugend duerch déi kleng giel Reclam-Bichelcher entdeckt. Bis haut begeeschtert hien sech fir dem gréissten norddäitschen Dichter seng Lyrik a Geschichten, säin Erzielstil awer och seng Biographie. Am Joer vum Theodor STORM sengem 200. Gebuertsdag war de Claude MANGEN dëse Summer op Husum “die graue Stadt am Meer” gereest, wou hien op Nummer 31 Wasserreihe dem Auteur säi gutt erhalent prächtegt Wunnhaus besicht huet.
Mam Gitarren Duo, Ron Giebels & Chris Heumann
Wéini: DONNESCHDEG,
Den 21. Juni 2018
Auerzäit: 20:30 Auer
Wou: ArcA – Festsall
Präis: 8 € Entrée
Fir Iessen an Gedrënks ass gesuecht!
Umeldung bis den 15. Juni 2018
26 312 250
seniors@bertrange.lu