Viru kuerzem huet d‘Croix-Rouge Sektioun Bartreng hir uerdentlech Generalversammlung an der ARCA ofgehalen. D’Gemeng war vertrueden durch Madame Buergermeeschter Monique Smit-Thys. Nieft de Quêteusen konnten mir d‘Madame Laura Wiesmann vum Kannerhaus Jean, d’Madame Michèle Bressanutti vum Service Aide à l’enfance, Madame Danièle Védie an den Här Mathias Bartho vum Bénévolat vun der Croix-Rouge begréissen. No der Begréissung vun der Presidentin Janine Reuland-Schneider huet d‘Manette Wampach-Lommel den Aktivitéitsbericht gemaach, wou ënnert anerem e Floumaart bei den Hunnen am Fréijoer, e Concert mat Musica Latina am Oktober an d’Participatioun vum Wantermaart ervirzehiewen sinn. De Keesebericht vum Simone Kremer-Schonckert weist gesond Finanzen op.Vun de Quêteusen si geéiert gi fir 5 Joer: Monique Schmit an Triny Reuter, fir 10 Joer: Monique Fautsch-Courte, Léa Geimer-Wampach,Christiane Krier, Claire Schoder-Lang,Sylvie Frisch, Anne Bouchoms-Dumont. Nodeem dass déi Dammen Wiesmann a Bressanutti hir Servicer virgestallt hun ass e Scheck vun 10000€ iwwerreecht gi zu Gonschten vum Kannerhaus Jean.
29
avr.
2022
29 avr.