Heringer Millen - en flotten Dag am Mëllerdall

26
avr.
2018
26 avr.

Brout baken an eng Wanderung mat Picknick am schéinen Mëllerdall, der klenger lëtzebuerger Schwäiz, wéi klengt dat?


Dësen Ausfluch fänkt un mat engem Bak-Workshop, an dem jiddereen ënnert der Leedung vum Bäckermeeschter vun der Heringer Millen säin eegent Brout an eng Mëtsch baken kann, déi een um Enn vum Dag mat heem kritt.


Duerno starten mir mat eiser guidéierter Wanderung vun ongeféier 2 Stonnen, wou uschléissend eis en Picknick mat kalen regionalen Produkter, an engem Glas Crémant mat Cassero aus dem Beeforter Schlass, erëm stäerken soll. Bei schlechtem Wieder, gëtt den Picknick an engem groussen Chalet organiséiert.


DONNESCHDEG, den 26. Abrëll 2018

09:00 Treffpunkt: Parking ArcA

15:00 Retour

Präis : 60 €


Mellt Iech w.e.gl. bis den 19. Abrëll 2018 un!

26 312 250 seniors@bertrange.lu