Visite vun der Glasbleiserei an vum Waassertuerm zu Bäerdref

13
juin
2018
13 juin

Dem Pascale Seil seng Glasbleiserei gëtt et séit 1995 an befënnt sech zu Bäerdref, matten am Mëllerdall. Mir kréien erkläert, wéi dat Ganzt funktionéiert an kennen duerno seng Dësch Dekoratiounen an eenzegaarteg Skulpturen aus Glas, déi un der Natur inspiréiert sinn, bewonneren (an kafen). Duerno besichen mir den 55 Meter héijen “Aquatower” an tauchen an d’ Welt vum Drénkwaasser an. Vun uewen huet een eng beandrockend Vue op den Mëllerdall.


Wéini Mëttwochs, den 13. Juni 2018

Départ 13:00 Auer

Retour 17:00 Auer

Präis 38€ (Inklusiv klengem Souvenir aus der Glasbleiserei)


Umeldung bis den 1. Juni 2018

seniors@bertrange.lu

26 312 250