Nei Wierker vum Rolf Ball an der Galerie d'Art Milly Houyoux zu Bauschelt

Den elsässeschen Moler Rolf Ball présentéiert an der Galerie d'Art Milly Houyoux seng allerneisten Wierker . Seng ganz speziell Technik erlabt et dem Künstler een instensiven Faerfeffekt ze erreechen. Seng Billersprooch gräift vun den alen Kulturen an hiren Grafismen bis zum Opbau vun de Biller als Kiirchefenster an Ikonen ganz wäit an t'Kulturgeschicht eran. Op déi Manéier versicht heen , seng Molerei aus eiser Zäitzouweisung erauszerappen an esou eng Zäitlosegkeet vun den fundamentalen Werter an Erliefnisser vun all eenzelnen Mënsch ze illustréieren.
Seng Biller sin vun enger Intensitéit , déi virun allem och Kanner an Jugendlëcher uspriechen.
Sou huet den Rolf Ball zäitgläich eng kleng Retrospektive am Centre Pontalize zu Ettelbréck als Ofschloss vun sengem Atelier , deen heen an der Ecole privée Ste Anne zu Ettelbréck ugebueden huet.

T'Galerie d'Art Milly Houyoux huet hier Diiren vum 9. Juni un all Samsden an Sonnden vun 14.00 bis 18.00 Auer bis zum 22. Juli op . ( Visiten sin och ennert der Woch op RV méiglech. Tel. 23 64 92 40 / 26 91 74 37)