39.Generalversammlung vun "Natur&Ëmwelt, Sektioun Kanton Réiden

Viru kuerzem hat déi Réidener Sektioun vun Natur an Ëmwelt hir Generalversammlung zu Biekerech "op der Millen“. De President Romain Kleer huet d’Leit begréisst, ënnert hinnen den 1. Schäffe Claude Loutsch vun der Gemeng Biekerech , als Vertrieder vum de Buergermeeschter Thierry Lagoda, deen aner politesch Verpflichtungen hat. Besonnesch erfreet war d’Sektioun iwwert d’Präsenz vum Éierepresident vun Natur an Ëmwelt, dem Tom Conzemius. De Keessjee Gérard Zoller huet d’Finanzlag vun der Sektioun presentéiert ier de Sekretär,John Sowa, ee Réckbléck op d’Aktivitéiten aus dem vergaangene Joer gemaach huet. Uschléissend gouf de Comité erneiert a verstäerkt an de Programm 2024 presentéiert: Bamplanzcours, Deelhuelen um Kropemannsfest zu Réiden an um Chrëschtmaart zu Useldeng, Ophänke vu Waassermärelskëschten un der Atert an d‘Ënnerstëtzung vun der Fondatioun „Hëllef fir d’Natur“ beim Opbau vun enger Dréchemauer an der "Riedergrënn" tëscht Kolpech a Kleng-Elcher.
Zanter kuerzem huet d‘Sektioun och eng Facebook-Säit, déi elo lues a lues ausgebaut gëtt an et gëtt och probéiert, duerch Artikelen an de Gemengenzeitungen vum Kanton méi Präsenz ze weisen an d'Leit iwwer aktuell Themen z'informéieren an ze sensibiliséieren. No enger ganz interessanter Power-Point-Presentatioun vum Liliane Burton iwwert d'Waasservullen op den Iewerlenger Weieren am Laf vun de leschte Joren huet de Jean Weis dunn, a Vertriedung vum Fernand Schoos, dee leider krank war, d'Waassermärelkëschteprojet virgestallt. Duerno goufen 2 Chèquen iwwerreecht : 3000 € fir CNDS a 5000 € fir d’Fondatioun "Hëllef fir d'Natur", wouvun der ca. 2000 am Kanton selwer investéiert ginn, well domat e Student oder eng Studentin bezuelt gëtt, déi ee Mount laang am August/September op der Sëller Héicht hëlleft, den Zuchvullen dee richtege Wee an de Süden ze weisen.
De Claude Schiltz vun der Fondatioun huet och nach de Projet "Dréchemauer" virgestallt, ier de Claude Loutsch der Sektioun Merci gesot huet fir hiert Engagement. Hien huet och Detailer ginn iwwert den Naturprojet vun der Gemeng Biekerech als Erënnerung un de Camille Gira, dee vun der Réidener Sektioun vun Natur an Ëmwelt ënnerstëtzt gëtt. No der obligater Gruppefoto huet den Éierewäin, offréiert vun der Gemeng, d'Versammlung ofgeschloss .

No der 39. Generalversammlung setzt de Comité sech follgendermoossen zesummen : Kleer Romain, President, Braun Rudy a Fohl Gaston , Vizepresidenten, Wampach Jos, Éirepresident, Sowa John, Sekretär, Zoller Gérard, Keesjee, Braun-Kartheiser Anny, Filbig Françis, Gaspar Romain, Kleer-Dasbourg Nicole, Konsbruck-Barthelmy Brigitte, Lavandier Christian, Loutsch-Otter Monique, Martiny-Medinger Anne, Meis Freddy, Pavani Marco. Schannes-Hiery Raymond an Ingrid, Memberen a Weis Jean, Betreier vun der Sektioun