Gebuertsdagfeier am HPPA Sacré-Coeur um Belair

Kierzlech ass am HPPA Sacré-Coeur um Belair gefeiert ginn.

D’ Direktioun ’s Equipe huet den Gebuertsdagskanner alles Guddes gewënscht. Mat engem Glas Crémant ass op d' Bewunner ugestouss ginn déi am Juli, August an September Gebuertsdag hatten, hinen gouf eng kleng Opmierksamkeet iwwerreecht.

Bei flotter Danzmusekt vum Musikant Willy Schmitz an mat an engem gudden Maufel ass bis an den Owend eran mat den Bewunner an hiren Famillien gefeiert ginn.

Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

BODSON-SCHMIT 82 Joer, Thill Anny 85 Joer, Klepper Paul 85 Joer, Linden Romain, 86 Joer, Romersa Jeanny 87 Joer, Kass-Meysembourg Liliane 87 Joer,

Deville-Wirtz Germaine 87 Joer, Scheuer-Wilmes Felice 91 Joer,

Molitor Marguerite 91 Joer, Ollinger René 92 Joer, Lepesant Jean -Jacques 93 Joer, Grethen-Jung Irmina 97 Joer