Am Kader vum 75. Gebuertsdag vun der Chorale Mixte Berdorf war den 6. Dezember an der Kierch zu Bäertref, den Ofschlossconcert vun dem Jubiläum. D’Chorale Ambitus, deen seng Wuerzelen zu Bäertref huet, huet is verwinnt mat Auszich vum Messiah vum Händel. Begleet gouf de Chouer ënnert der Leedung vum Roby Schiltz, vum bestbekannten Orchester Estro Armonico mat hirem Chef Guy Goethals. Op der Uergel huet de Jos Majerus säi Kënnen duerbruecht.
D’solistesch Deeler gufe virgedroen vun den herrleche Stëmme vum Laureen Stoulig (Sopran) a Jeff Mack (Altus).
Am zweeten Deel huet den Dirigent en Offenes Singen geleet. Dobäi ass dat ganz Publikum an der Kierch am Gesank mat agebonnen a ka kräfteg matsangen. Dobäi huet sech gewisen, datt praktesch jidderee sange kann, och als Laien.
Déi zwéin Deeler haten e grousse Succès a déi gutt gefëllte Kierch huet kräftegen Applaus gespent.
Dee ganzen Owend stung ënnert der Leedung vum sympatheschen a beschtbekannten Dirigent Roby Schiltz.
Text: CMB Foten: Fernand Schmitz