90. Gebuertsdag vum Marie Scharff vu Bäertref

Trotz Corona Mesuren hat de Schäfferot drop gehalen dem Marie Scharff vu Bäertref, dat säit kuerzem am Seniorenheem zu Konsdref säi Liewensowend verbréngt, fir seng 90 Joer ze gratuléieren, an d’Gléckwënsch vun der ganzer Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen. Gebuer den 9 September 1930 zu Bäertref als eent vu 4 Geschwëster, huet d’Marie seng Jugend während dem Krich zu Bäertref verbruecht, fir duerno fir e puer Joer an d’Stad ze plënneren fir sech säin eegent Liewen opzebauen. De 5. August 1961 huet hat zu Bäertref den Neises Mathias vu Mënschecker bestuet, an ass mat him fir 3 Joer op Schieren geplënnert. 1964 hunn si sech dunn nees zu Bäertref an hirem Haus an der Ruetsbecherstrooss néier gelooss. Leider ass de Metty schonns 1981 vill ze fréi verstuerwen, an d’Marie huet sech eleng missten duerch d‘Liewe schloen. D’Marie huet ganz gäre gemoolt, an seng Biller bäi ville Geleeënheeten ausgestallt. Am Altersheem zu Konsdref gëtt hat elo gutt encadréiert, vum Personal an och vu senger Famill. D’Marie fillt sech hei ganz wuel, an ass motivéiert nach e puer Joer drunzehänken.